Deloitte Tax & Consulting S.A R.L. - LUXEMBOURG - Luxembourg
Public Sector & Health Care Analyst - as of September 2026 Location: Luxembourg, LU Company: Deloitte Luxembourg Job Function: Consulting Services Seniority: Junior Contract Type: Open-term Public Sector and Health Care Analyst - on site - full time Du wëllst en Abléck kréien, am Beräich vum Conseil am ëffentleche Secteur an do hëllefen d' Modernisatioun an Digitalisatioun vu Staat, Ministèren, Administratiounen a Gemenge virun ze dreiwen, an d' Zukunft vum Lëtzebuerger Land aktiv mat gestalten ? Eis Public Sector & Health Care Ekipp am Consulting begleet Organisatiounen aus dem ëffentleche Beräich bei der Entwécklung vun hire Strategien an Finanzen, der Modernisatioun an Optimisatioun vun hirer Organisatioun, dem Future of Work, der Sustainability an der Aféierung vun modernen Technologie. Profitéier bei Deloitte vun enger dynameschen Ëmfeld mat Entrepreneursgeescht an engem internationalen Netzwierk vun Experte mat vilfältege Gestaltungsméiglechkeeten an Opportunitéiten. Maach mat eis en Impakt an triet eiser jonker an maach e Stage an der diversifizéierter Ekipp “Public Sector & Health Care”. Däin Impakt Als Analyst erwaarden dech spannend Ablécker an all d'Projetsphasen vum Conseil bei diversen Etablissementer aus dem ëffentlechen Secteur an du gestalts d'Zukunft vun dem Lëtzebuerger Land aktiv mat! o Berodung: An Kollaboratioun mat den Entscheeder-innen vun eisen Clienten widmes du dech den Erausfuerderungen wéi Steigerung vun der Satisfaktioun vun den Bierger an dem Personal, der Digitaliséierung, der Optimisatioun vun den ëffentlechen Finanzen, Virundreiwen vun der Nohaltegkeet an den aktuellen Trends. o Konzeptioun: Bei dem Design vun zukunftsfäegen, flexibelen an sécheren Prozesser an digitalen Outilen, zielt deng Equippe an däin Client op deng Iddien an deng Kreativitéit. o Ëmsetzung: Du begleets d' Ëmsetzung vun innovative Strategien an entwéckels ziel-orientéiert Léisungen zesumme mat de Projet Equippe, mam Ziel dem Bierger an dem Beamten d' Liewen méi einfach ze maachen. o Vilfalt vun Aufgaben: Mir freeën eis op deng aktiv Mataarbecht, vir Analysen auszeféieren an Recherchen ze maachen, fir Meetingen mat eisen Clienten virzebereeden an un dësen aktiv deel ze huelen an fir déi néideg Rapporten auszeschaffen. Däin Skillset