CJF Lëtzebuerg a.s.b.l. (fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.), hei « CJF » genannt, ass eng lëtzebuergesch Associatioun mat iwwer 38 Joer Engagement am soziale Beräich. Mir zielen iwwer 750 Mataarbechter a sinn aktiv a méi wéi 40 Strukturen a Servicer an 19 Gemengen am Land. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l., dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hir Plaz hunn. Eis Missioun : Zesumme wuessen. All eis Aktiounen orientéieren sech un de Prinzipie vun der Déclaration universelle des Droits de l'Homme an der Déclaration des Droits de l'Enfant. Eis Mataarbechter schaffen deeglech mat Kanner, Jugendlechen a Famillen, fir e séchert Ëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Teenager oder jonken Erwuessenen d'Méiglechkeet huet, sech z'entwéckelen - onofhängeg vu senger Situatioun oder Differenz. Fir d'Ekipp ze verstäerken, siche mir 1 passionéierten a motivéierte Erzéier - Educateur Gradué (m/w/x) fir eise Centre de Ressources BIBLIOBUS. De Bibliobus ass eng mobil pedagogesch Offer fir Betreiungsstrukturen am Beräich Sprooch, Sproochenerwerb a Literatur, spezialiséiert op d'Alterskategorie vun 0 bis 4 Joer. Deng Missioun: D'Missioun vum Bibliobus ass et, d'Fachpersonal aus de Betreiungsstrukturen landeswäit an der Entwécklung vun der méisproocheger Bildung ze begleeden. Du dréis dozou bäi:
- eng positiv Haltung géigeniwwer Sproochen a Bicher ze vermëttelen;
- d'Fachpersonal an hirer pedagogescher Praxis ze begleeden;
- d'Ëmsetzung vum Bildungsrahmenplan ze ënnerstëtzen;
- d'Qualitéit vun de pädagogesche Praktiken ze stäerken;
- innovativ Approchen am Beräich Sprooch a Literatur ze fërderen. Däi Profil: Du bréngs mat:
- Fundéiert Wëssen a Verständnis vum soziale Secteur, speziell am Klengkandberäich.
- Erfarung um Terrain (Crèchen / Maison Relais).
- Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen, schrëftlech a mëndlech.
- All zousätzlech Sprooch ass en Atout.
- Interessi u Kannerliteratur.
- Erfarung an der Qualitéitsentwécklung a Qualitéitssécherung.
- Empathie a Feingefill.
- Kontaktfreedegkeet an eng extrovertéiert Perséinlechkeet.
- Innovatiounsgeescht a Kreativitéit.
- Organisatiounstalent a Teamgeescht.
- Flexibilitéit a Mobilitéit.
- Unerkannten Diplom.
- Führerschäin B.
- Éischt-Hëllefs-Cours. Wat mir dir ubidden:
- Eng attraktiv Pai no der CCT-SAS (Carrière C6 maximal).
- En CDI, 40 Stonnen/Woch.
- En empathescht, professionellt an dynamescht Aarbechtsëmfeld.
- Eng Entreprisekultur, déi Collaboratioun, Passioun a Solidaritéit an de Mëttelpunkt setzt.
- En abwechslungsräichen an héichinteressante Beräich mat reellem Impakt.
- D'Méiglechkeet, d'pädagogesch Praxis aktiv matzegestalten an ze beaflossen.
- Eng ënnerstëtzungsstaark an interdisziplinär Ekipp.
- Geziilte Weiderbildungsméiglechkeeten, ugepasst un deng professionell Entwécklung.
- En Ufank direkt oder nom Ofschwatzen. Ass Educatioun deng Vocatioun? Da freeë mir eis op dech! Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéiten, besicht eis Websäit. Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5. Eis Wäerter: CJF setzt op staark Wäerter:
- Engagement
- Oppenheet vis-à-vis vun Aneren an hirer Diversitéit
- Bienveillance
- Solidaritéit Eis Rekrutéierungspolitik garantéiert e gläichberechtegten Zougang zu Opportunitéite fir all Talenter. All Kandidature gi mat Gläichheet a Respekt behandelt. D'Informatiounen, déi gesammelt ginn, sinn Objet vun engem Traitement fir d'Gestioun vun der Demande ze erméiglechen. Si ginn de Memberen an de Servicer vun der CJF zur Verfügung gestallt, dëst a Konformitéit mam Reglement (UE) 2016/679 vum Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).