CDI - 75 % oder 80 % Schlussdatum 19/08/2026 Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf Är Aufgaben: Dir iwwerhuelt d'ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.1) Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Diplom Bachelorstudium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz oder den Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer » Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen. Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht. Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung. Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran. Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement. Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten. Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch. Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef. Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz. Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS. Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Liewenslaf mat Foto Motivatiounsbréif Kopie vum Diplom Autorisation d'exercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.