Fondation Letzeburger Kannerduerf, Etablissement d'UtilitéPublique - MERSCH - Luxembourg
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt een Educateur diplômé an fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 4" zu Miersch CDD deelzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen Är Aufgaben: Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“ Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen Führerschäin (B) Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef. Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz. Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (Maximum C4) Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.