Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Résidence Wormer zu Wormeldange
APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. - WORMELDANGE - Luxembourg
📍 WORMELDANGE - Luxembourg💼 parttime / contract
Job Description
Ee Diploméierten Erzéier (w/m/x)
Résidence Wormer zu Wormeldange D'APEMH
Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Résidence Wormer, ee diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch
CDD (Dispens + Congé Maternité + Congé Parental), fir ab den 01.03.2026 Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Obligatoresch Ufuerderungen D'Kandidate sollen: Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn Beruffserfarung hunn Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen De Führerschäin Klass B hunn Wënschenswäert Ufuerderungen Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel. Mir bidden attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen. en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.