APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. - ESCH-SUR-ALZETTE - Luxembourg
Een diploméierten Erzéier / Aide -soignant (w/m/x) - Springer Posten - Haus Roude Fiels 1&2 zu Esch/Alzette D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Haus Roude Fiels 1&2, um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Erzéier/Aide soignant (w/m/x) fir een CDI 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrat vum Casier judiciaire gefrot. Responsabilitéiten: Är Missiounen bestinn dorauser Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung am Kader Wunnen an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen. Spezifesch um Springer Posten ass dat de Springer an 2 verschidden Haiser intervenéiert am Fall wou Personal ausfält. An der Haaptsaach fänkt hien Fréi- an Mëttes Schichten op. Wann keng Schichten ze iwwerhuele sinn schafft de Springer Dages Schicht vun Méindes bis Freides an engem vun den 2 Haiser. Zu dem Moment ginn Aktivitéiten am Haus oder ausserhalb mat de Bewunner zesummen organiséiert. Obligatoresch Ufuerderungen: D ‘Kandidate sollen: